Sondagen sin natierlech keng Wahlen, an awer. Déi läscht Emfroen vum Tageblatt gin engem dach ze denken. Wann ee bei de läschte Wahlen vielläicht nach konnt novollzéien, dass d’Letzebuerger vun enger gewesser Politikverdrossenheet befall wuaren an dofir eng Partei wéi den ADR gewielt hun, esou kann een daat an desen Zäiten net méi verstoen.
Eng Partei, déi secher keng Léisungen ob déi aktuell Problemer huet, mä nemmen mat bellegen an ganz riets geriichteten Sprech probéiert am bronge Bulli ze réieren, soll also laut den läschten Emforen, bal iwerall am Land gestärkt ginn?
Och wann e Verglach mat de Joern virum 2ten Weltkrich de Moment nach wäit hirgeholl ass, lossen sech Parallelen erkennen. Ech ka mer jo net virstellen, dass déi Letzebuereger déi vun desem Kriche an iergendenger Form betraff wuaren, esou Leit kennen enerstetzen. Ergo missten et also déi Jonk, déi kommend Generatioun sinn. Mä och do hun ech Problemer mer daat virzestellen.
Waat ass är Meenung? Hun déi sougenannten établéiert Parteien net genuch gemeet, fir d’Letzebureger ze iwwerzeegen, dass sie serieux Ideen hun fir aus der Krise eraus ze kommen?

Hei eppes waat net direkt mat der Politik ze din huet. D’Veräinshaus zu Déifferdeng sollt ofgerappt gin. Et ass eng laang Geschicht mat villen net flotten Momenter.Dest Gebäi gehéiert der Kiirchefabrik, déi näischt wollt wessen vun engem Projet an deem de Sall sollt erhale bleiwen. Finanzéiert wär dese Projet vum Fonds de logement gin, an et wären Studentewunnigen, Senoirewunningen an Appartementer enstaanen. De Festsall sollt als Annexe zu engem Café/Restaurant funktionéieren. Daat ganzt hätt der Kiirchefabrik secherlech finanziell méi bruecht wéi den Verkaaf un en anere Pomoteur. Mä dass de Fonds de logement hei sollt matspillen huet den Hären an Dammen aus der Oeuvres an Kiirchefabrik batter eropgestouss. Hirer Meenung no hätte mer genuch sou Leit hei zu Déifferdeng ( de genee Wuertlaut well ech ei net brengen)

Am Wahlprogramm vun DEI GRENG steet zum Thema Bioenergie folgendes:
DEI GRENG hun en 
